Mathias Becker | |
---|---|
Gebuer | 4. Februar 1907 |
Gestuerwen | 23. Januar 1952 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Veräin/Ekipp | Red Boys Déifferdeng |
![]() |
De Mathias Becker, gebuer de 4. Februar 1907 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 23. Januar 1952 zu Dippech[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[2]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam vertrueden.[3]
Tëscht dem 21. Mee 1927 an dem 14. Mee 1939 huet hien an 26 Lännermatcher 6 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp geschoss.[4]