D'Montes Taurus ass eng rau Biergketten um Äerdmound.
D'Bierger leien op engem Héichplateau am Oste vum Mare Serenitatis op de selenographesche Koordinaten 28,4° N an 41,1° E. D'Biergketten huet en Duerchmiesser vun 172 km; e puer Spëtzten erreechen eng Héicht vun 3.000 m.
An de Bierger ass eng Rei vu Krateren agebett. Am Südweste vum Biergzuch läit de Römer-, am Nordosten den Newcomb-Krater.
Hei waren d'Luna 21 an Apollo 17 gelant.
Och e puer Satellittekrater leien an de Montes Taurus. Den däitschen Astronom Johannes Hevelius hat dem Biergzuch den Numm Taurus-Bierger, deen ierdesche läit an der Süd-Tierkei, ginn.