![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit Mëllerdall. Fir d'Regioun Mëllerdall, kuckt wgl. Kleng Lëtzebuerger Schwäiz. |
Mëllerdall | |
---|---|
![]() Lieu-dit Mëllerdall | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Mullerthal de: Müllerthal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Andrée Henx-Greischer |
Awunner | 49[1] |
2020 | |
Héicht | 348 m |
Koordinaten |
49° 47’ 25’’ N 06° 18’ 27’’ O |
![]() |
De Mëllerdall ass e Lieu-dit an der Gemeng Waldbëlleg a besteet aus engem Grapp Hotellen a Campingen. Dacks gëtt de Begrëff Mëllerdall als Pars-pro-toto fir déi ganz Géigend gebraucht.
De Mëllerdall läit op enger Héicht vun 213 m südëstlech vu Waldbëlleg an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.
Am Mëllerdall kräize sech den CR121 (vu Jonglënster op de Grondhaff) an den CR356 (vun Dikrech a Richtung vun der Konsdrëffer Millen).
De Lieu-dit läit op der Schwaarzer Iernz déi do an der Zäit d'Heringermillen an d'Rauschemillen ugedriwwen huet.
Commons: Mëllerdall – Biller, Videoen oder Audiodateien |