Nándor Lengyel | |
---|---|
Gebuer |
6. Juni 1914 onbekannt |
Gestuerwen |
9. Januar 1968 onbekannt |
Nationalitéit | Ungarn |
Aktivitéit | Foussballtrainer, Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Den Nándor Lengyel, gebuer de 6. Juni 1914, a gestuerwen den 9. Januar 1968, war en ungaresche Foussballtrainer[1].
Am Ufank vun der Foussballcarrière (1937) war de Lengyel kuerz e Spiller: hie gouf just 2 Matcher gespillt[2].
Hien huet vum 25. September 1955 bis de 24. Mee 1959 déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp als Trainer betreit. An där Zäit huet d'A-Ekipp 25 offiziell Lännermatcher gespillt[3].
Vun de 25 Matcher huet Lëtzebuerg ënner senger Leedung 6-mol gläichgespillt, 14-mol verluer, a 5-mol gewonnen: 6-4 géint d'B-Ekipp vun der Belsch (1956), 4-1 an 2-0 géint d'B-Ekipp vun der Schwäiz (1956 a respektiv 1959), 3-1 géint d'B-Ekipp aus England (1959) a virun allem déi legendär 4-1-Victoire géint d'B-Ekipp vun Däitschland den 1. Mee 1958[4].