Nembrotha cristata | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
vun uewen | |||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
'Nembrotha cristata' Bergh, 1877 |
Nembrotha cristata ass eng Aart vu Schleeken ouni Haischen, déi ënner dem Waasser am Mier liewen. Si sinn aus der Famill vun de Polyceridae.
Si gi bis zu 5 cm laang, a si schwaarz mat grénge Knubbelen. Och d'Ränner vun de Rhinophoren an de Kime si gréng.
Den Nembrotha cristata lieft op Fielsen a Koralleriffer am tropeschen Indo-Pazifeschen Ozean, an enger Déift tëscht 3 an 20 Meter. En erniert sech vun Ascidiacea an heiansdo vu Jelliskäpp.
Si kënne bis zu engem Joer al ginn a sinn Hermaphroditen. D'Eeër leeë s'an engem Bandmuster an de Sand.
Commons: Nembrotha cristata – Biller, Videoen oder Audiodateien |