D'Kathoulesch Kierch refuséiert all Form vun Ofdreiwung. Am Katchëssem vun der kathoulescher Kierch heescht et, d'mënschlecht Liewe misst vum Ablack vun der Konzeptioun un op absolut Aart a Weis respektéiert a geschützt ginn, an datt "vum éischten Ablack vu senger Existenz d'mënschlecht Wiesen all seng Rechter als Persoun unerkannt muss kréien, dorënner d'onantastbaart Recht vun all onschëllegem Wiesen op Liewen". All Kooperatioun bei enger Ofdreiwung géif e schlëmme Feeler duerstellen a géif vun der Kierch mat der Exkommunikatioun bestrooft ginn.[1],[2]
Verschidde Katholicke sinn net mat der offizieller Positioun vun der Kierch averstanen. Dës Diskrepanze kënne vun Ausnamen an enger soss Antiofdreiwungsattitüd (zum Beispill am Fall vun enger Vergewaltegung) bis zur kompletter Akzeptanz vum Recht op Ofdreiwung goen. Dobäi gëtt et en Ënnerscheed tëscht praktizéierende Katholicken an net praktizéierende Katholicken; praktizéierend Katholicken hu vill éischter d'Tendenz, d'Ofdreiwung komplett ofzeleenen, wärend net praktizéierend Katholicken éischter dofir sinn, der Fra de Choix ze loossen, op si ofdreiwe wëll oder net.[3],[4],[5]
D'Positioun vun der Kierch gëtt reegelméisseg vu Gruppen, déi fir Fraerechter kämpfen, kritiséiert. E Beispill ass e brasilianesche Fall aus dem Abrëll 2009, bei deem den Äerzbëschof d'Mamm an d'Doktere vun engem néng Joer ale Meedchen, dat vu sengem Stéifpapp vergewaltegt gi war an dobäi schwanger ginn ass, exkommunizéiert huet well si bei him eng Ofdreiwung duerchgeféiert haten. Wärend de brasilianesche President Lula da Silva déi Entscheedung kritiséiert huet, huet de Vatikan d'Decisioun vum Bëschof verdeedegt.[6]
A verschiddene Länner, wéi zum Beispill Polen, gëllt d'Kathoulesch Kierch als dreiwend Kraaft géint d'Liberaliséirung vun der Ofdreiwung.[7] Och de lëtzebuergeschen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet d'Liberaliséierung vun der Ofdreiwung als "falsche Wee" an d'Ofdreiwung selwer als "schwéiert Vergoe" bezeechent.[8]