Panamericansaurus schroederi ass déi bis elo eenzeg bekannt Aart vun der Gattung Panamericansaurus, déi zu de sauropoden Dinosaurier aus der Grupp vun den Titanosauria gehéiert, déi an der Ieweschter Kräidzäit a Südamerika gelieft hunn.[1]
Fossil Iwwerreschter vun der Aart goufen am Juni 2003 bei enger paleontologescher Campagne vun der Universidad Nacional del Comahue an der Allen-Formatioun (Campanium bis Maastrichtium) no bei der Stad San Patricio del Chañar an der argentinescher Provënz Neuquén (Patagonien) fonnt. Ufanks gouf gemengt, si géifen zu der Gattung Aeolosaurus gehéieren; dono gouf awer erkannt, datt eng nei Aart an eng nei Gattung ass.[1]
De Gattungsnumm Panamericansaurus bezitt sech op d'Firma Pan American Energy, déi d'Fuerschungen deemools finanziell ënnerstëtzt huet. Den Aartennumm soll d'Wënzerfamill Schroeder éieren, op där hirem Land d'Fossilie bei Bauaarbechten entdeckt goufen.[1]
D'Familia Schroeder Winery verkeeft iwwregens e puer vun hire Wäiner ënner dem Numm Saurus respektiv Saurus Select.[2]