D'Partei vum Drëtten Alter war eng lëtzebuergesch Partei.
Si ass just eng Kéier, 1999, bei de Chamberwalen ugetrueden, an och nëmmen am Bezierk Süden, a krut dobäi, op aachter a leschter Plaz, 0,4 % vun de Stëmmen. Kuerz duerno huet si sech opgeléist.
President vun der Partei fir den Drëtten Alter war de Jean Schanen.