Paul Iby Gebuer
23. Januar 1935 Nationalitéit
Éisträich Aktivitéit
Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof Fonctioun
Diözesanbëschof
De Paul Iby , gebuer den 23. Januar 1935 zu Raiding am Burgenland , ass Bëschof vun der éisträichescher Diözees Eisenstadt .
De Paul Iby gouf den 29. Juni 1959 zum Geeschtleche geweit. Den 29. Mee 1967 huet hie mat engem Doktorat e Studium a Kanoneschem Recht op der peepstlecher Universitéit Gregoriana ofgeschloss.
1961 bis 1963 – bëscheeflechen Zeremoniär
1967 bis 1974 – Sekretär vum Bëschof
1969 bis 1977 – Leeder vun der Caritas vun der Diözees
1973 bis 1985 – Leeder vum Schoulbüro vun der Diözees
1974 bis 1992 – Chef vum bëscheefleche Sekretariat
1977 bis 1984 – Ordinariatskanzler
1984 bis 1992 – Generalvikar
Den 18. Dezember 1992 gouf hien zum Bëschof genannt an d'Publikatioun vun der Ernennung war den 28. Dezember 1992 .
De 24. Januar 1993 gouf hien an der Kathedral vun Eisenstadt zum Bëschof geweit.
Großes Goldenes Ehrenzeichen mit dem Stern für Verdienste um die Republik Österreich [ 1] .
↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten