radio 100,7 | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 27.07.1991 |
Sëtz |
21a Avenue John. F. Kennedy L-1855 Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
Leedung |
Jean-Lou Siweck (Direkter) Véronique Faber (Presidentin vum Verwaltungsrot) |
Branche | ëffentleche Radiosender |
Homepage | www.100komma7.lu |
De radio 100,7 (offiziell Média de service public 100,7 a virum 13. September 2022 Etablissement de radiodiffusion socioculturelle) ass e lëtzebuergeschen ëffentlech-rechtleche Radiossender, deen de 27. Juli 1991 als Ëffentlecht Etablissement gegrënnt[1] an den 19. September 1993 ënner dem Numm honnert, 7 - de soziokulturelle radio fir d'éischt op Antenn gaangen ass.
De Sender a Lëtzebuerger Sprooch, deen op Grond vum Mediegesetz vun 1991 méiglech gouf a mam groussherzogleche Reglement vum 19. Juni 1992 seng Struktur krut[2], dediéiert de gréissten Deel vu sengem Programm der Kultur an der Informatioun, mä awer och der Ënnerhalung a Form vun engem relativ breede Museksspektrum, bei deem awer déi klassesch Musek kloer dominéiert.
Den 100,7 steet an enker Zesummenaarbecht mat nach aneren ëffentleche Radiossenderen an ass zanter 1997 Member vun der Unioun européenne de Radio-Télévision.
Seng Frequenz ass, nomen est omen, UKW 100,7 MHz. Am Hierscht 2015 koum eng zweet Frequenz, 95,9 MHz, derbäi, déi den Empfang am Norde vum Land verbessert[3].
Ufanks war de Radio 100,7 am RTL-Gebai um Kierchbierg, duerno an engem Gebai an der Lonkecher Strooss zu Märel. Vun 2003 u konnt een de Radio an der Avenue Monterey an der Stad fannen. Eigentlech sollt de Radio schonn 2012 an d'Avenue Kennedy um Kierchbierg plënneren[4]. De Radio 100,7 sent zanter dem 29. Juni 2013 vum Kierchbierg aus[5], en huet säi Siège awer eréischt vum 23. Oktober 2014 un op der Nummer 21a vun der Avenue John-F.-Kennedy[6].
Der TNS ILRES Plurimedia Etüd 2022.I no, hunn tëscht Februar 2021 a Januar 2022 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 20.200 Leit iwwer 15 Joer de Radio 100,7 gelauschtert, wat 3,8% vun der Bevëlkerung ausmécht[7].
Datum | Direkter | Bemierkung |
---|---|---|
1994 - 14.08.2013 | Fernand Weides | ass 2013 a Pensioun gaangen[8],[9] |
15.08.2013 - 15.12.2018 | Jean-Paul Hoffmann | huet 2018 demissionéiert[10],[11] |
15.12.2018 - 30.06.2019 | Nancy Braun | Presidentin vum Transitiounskommitee bis en neien Direkter fonnt ass[12] |
01.07.2019 - 19.04.2021 | Marc Gerges | iwwerhëlt d'Direktioun spéitstens den 1. Juli 2019[13]; den 19. Abrëll 2021 vum Verwaltungsrot vu sengen Aufgaben entbonnen[14] |
16.09.2021 - | Jean-Lou Siweck |
Datum | President | Bemierkung |
---|---|---|
… | ||
2004 - 2012 | Pierre Gehlen | |
2012 - 2013 | Monique Kieffer | Presidentin faisant fonction |
2013 - 2017 | Françoise A. Poos | |
2017 - 2019 | Laurent Loschetter | Mandat bis 2022[15]; huet den 19. November 2019 demissionéiert[16] |
10.12.2019 - 10.08.2027 | Véronique Faber | den 29.11.2019 vum Regierungsrot ernannt[17],[18],,[19] |