Roger Pierre | |
---|---|
Gebuertsnumm | Roger Jean Louis Pierre |
Gebuer |
30. August 1923 13. Arrondissement |
Gestuerwen |
23. Januar 2010 Le Port-Marly |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur |
De Roger Pierre, gebuer den 30. August 1923 zu Paräis a gestuerwen den 23. Januar 2010, war e franséischen Dréibuchauteur, Filmregisseur, Theater- a Filmschauspiller.
De Roger Pierre huet an den 1940er Jore seng Theatercarrière ugefaangen a war bis an d'1990er Joren an de grousse paräisser Theateren aktiv. Hie war och Radiosspeaker a Kabarettist, dacks an Zesummenaarbecht mam Jean-Marc Thibault. 1952 huet hien eng éischt Kéier an engem Film, dem Belle mentalité, matgerspillt. Hien huet heefeg a Comédië matgespillt, mä hat och eescht Rollen, wéi z. B. a Mon oncle d'Amérique vum Regisseur Alain Resnais.
Op der Televisioun hat hien an den 1970er Jore Succès an de Serië Les maudits rois fanéants a Les z'heureux rois z'Henri. Seng lescht wichteg Roll hat en an L'ami de Maigret (2003) mam Bruno Crémer.