D'Société d'étude et de construction automobile, oder SECMA, ass eng kleng Autokonstruktiounsfirma zu Aniche am franséischen Departement Nord.
D'Fabréck, déi 1995 vum Daniel Renard gegrënnt gouf, huet sech op Spaass-Gefierer spezialiséiert.
De "Fun Runner" gouf vum Constructeur als motoriséiert Dräirad virgestallt. E Véierzylindermotor vu Peugeot mat 1360 cm³ bitt bei 5.500 Touren an der Minutt eng Leeschtung vu 55 kW. Gedriwwe gëtt d'Gefier iwwer eng Ketten op déi hënnescht Duebelrieder. Déi viischt Pneuen hunn eng Gréisst vun 175/60-13, déi hënnescht 225/50-15. Spéitstens zanter 2009 ass en net méi am Handel a gouf vum méi staark motoriséierten F16 ersat.
Commons: Secma – Biller, Videoen oder Audiodateien |