Stäresensore sinn optesch Moossinstrumenter op der Basis vun CCD- an anere optoelektronesche Sensoren. Si hëllefe bei der Sich no hellen Himmelskierper a bei der Richtungsmiessung a ginn ënner anerem a follgende Beräicher agesat:
An der Raumfaart ziele Stäresensoren zu de wichtegste Sensore bei Systemer fir Lagreegelung a bei der Fluchlag – GNC (Guidance Navigation and Control Sensors) – woubäi si d'Lagreegelung vun de Kreeselplacke kontrolléieren an ënnerstëtze kënnen. Si orientéiere sech un hellen Himmelskierper (Stäre vun op d'mannst 1. Gréisst). Eng zanter 15 Joer verléisslech an automatiséierbar Prozedur ass dobäi:
Modern Stäresensore ginn op d'Entwécklung vum Space Sextant zeréck, dee Mëtt vun den 1960er Jore fir den Apollo-Programm entwéckelt gouf an zanterhir agesat gëtt.
Als stellar Objete fir d'Schrëtter 3 a 4 ginn traditionell déi hell Stäre Sirius oder Canopus gebraucht. D'Genauegkeet an d'Automatiséierung vun där Astropeilmethod goufen ë. a. vun de russesche Kosmonauten an den 1980er Joren op der Raumstatioun Mir gebraucht an iwwerpréift, andeem si déi selwecht Prozedur mam optesche Space Sextant duerchgefouert hunn.
Generell kann een – och no der néideger Empfindlechkeet respektiv dem Spektralberäich – ëennerscheeden: