Stellan Rye | |
---|---|
Gebuer | 4. Juli 1880 |
Gestuerwen |
14. November 1914 Frankräich |
Nationalitéit | Dänemark |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
De Stellan Rye, gebuer de 4. Juli 1880 zu Randers an Dänemark, a gestuerwen de 14. November 1914 an engem Krichsgefaangenelager a Frankräich, war e Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
No enger kuerzer militärescher Carrière huet de Rye eng Zäitchen Theater gespillt. Säin Dréibuch fir dem Wilhelm Gluckstadt säi Film Det Blaa Blood ("Dat blot Blutt") vun 1912 huet den Hanns Heinz Ewers sou iwwerzeegt, datt hien de Rye op Berlin geholl huet fir säi Roman Der Student von Prag 1913 ze verfilmen; et geet doran ëm en Theema, dat den expressionistesche Film nach vill sollt beschäftegen: den Doppelgänger. Dem Rye seng, fir déi Zäit, famous Technik koum 1914 a sengem nächste Film Das Haus ohne Tür nach méi däitlech eraus.