Super Besse ass eng Wantersportstatioun am Massif Central.
Si läit um Territoire vun der Gemeng Besse-en-Chandesse, matzen am Parc régional des Volcans d'Auvergne am Departement Puy-de-Dôme, an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.
Ongeféier 50 km vu Clermont-Ferrand ewech läit se op enger Héicht vun 1.350 Meter op den Häng vum Puy de Sancy, dem Puy de la perdrix an dem Puy Ferrand.
Si huet en Uschloss un d'Schipiste vum Mont-Dore, deen awer, wéinst dem raue Klima, net ëmmer garantéiert ass.
Fir den Alpine Schi gëtt et 43 km Pisten tëscht 1.300 an 1.840 Meter Héicht, déi op 27 verschidde Piste verdeelt sinn.
Als Transportmëttele stinn zur Verfügung:
Fir de Laanglaf gëtt et 125 km Pisten.
Commons: Super Besse – Biller, Videoen oder Audiodateien |