TIMED | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 2001-055B |
Apogeum | 615 km |
Perigeum | 612 km |
Bunnschréi | 74,1° |
Mass | 660 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 96,7 min |
Exzentrizitéit | |
Start | 7. Dezember 2001, 15:07 UTC |
Startplaz | Vandenberg SLC-2W |
Drorakéit | Delta II 7920-10 |
Status | nach a Betrib (23.01.2015) |
D'Missioun TIMED (englesch: Thermosphere Ionosphere Mesosphere Energetics and Dynamics) ass e Projet, fir d'Dynamik a besonnesch den Afloss vun der Sonn a vun de Mënschen an der Mesosphär souwéi an der ënneschter Thermosphär vun der Äerdatmosphär z'ënnersichen.
De 660 kg schwéiere Satellit gouf zesumme mam Jason 1 u Bord vun enger Delta-7920-Rakéit vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien de 7. Dezember 2001 gestart. D'Missioun war fir eng Dauer vun zwee Joer geplangt, gouf awer ëmmer nees verlängert, fir d'lescht am Oktober 2010 bis an d'Joer 2014. De Projet gëtt vun der NASA finanzéiert a geleet, wougéint de Satellit vum AP-Laboratoire vun der Johns Hopkins Universitéit vu Baltimore am Maryland entworf a gebaut gouf.