![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tommy Swerdlow | |
---|---|
Gebuer | 1962 |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur |
![]() |
Den Tom "Tommy" Swerdlow, gebuer zirka 1962, ass en US-amerikanesche Filmschauspiller an -dréibuchauteur[1].
Hien huet seng Carrière als Filmschauspiller an den 1980er Joren ugefaangen a gouf mat Niewerollen a Filmer Howard the Duck (1986) a Spaceballs (1987) bekannt. Nodeem hie mat der Schauspillerei opgehalen huet, huet de Swerdlow seng Aktivitéit als Dréibuchauteur ugefaangen. Den Tommy Swerdlow war e Co-Dréibuchauteur vu Laangfilmer wéi Cool Runnings (1993), Little Giants (1994), Snow Dogs (2002)[2].
Bis 2007 war hien Heroinofhängeg [2]. Duerno huet de Swerdlow 2017 als Filmregisseur mat A Thousand Junkies debutéiert, an huet dee Film där Experienz gewidmet[3]. Fir A Thousand Junkies krut de Swerdlow e spezielle Präis um Alameda International Film Festival[4].