Ueschdref | |
---|---|
![]() D'Kierch iwwer den Diech vun Ueschdref (2015) | |
An anere Sproochen |
fr: Arsdorf de: Arsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Awunner | 340[1] |
01.01.2014 | |
Fläch | 1.528,4828 ha[2] |
Héicht | 437 m |
Koordinaten |
49° 51’ 38’’ N 05° 50’ 40’’ O |
Postcode | L-8808 |
![]() |
Ueschdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.
Ueschdref läit am Dall vun der Burbich op enger Héicht vu 418 Meter, Héicht op der Bréck vum CR309 iwwer d'Burbich. Soss ass d'Uertschaft nach un de Vekéier ugeschloss iwwer den CR313, deen op Heeschpelt féiert.
Bis zur Gemengefusioun am Joer 1978 war Ueschdref eng eegestänneg Gemeng, an hat zwou Kadastersektiounen, an zwar Ueschdref a Bilschdref. Déi al Gemeng hat eng Fläch vun 1 881,6316 ha.
Tëscht 1946 an 1965 gouf et an der fréierer Gemeng Ueschdref eng Museksgesellschaft d'Fanfare La Patrie Arsdorf-Bilsdorf, och nach Déi Wëll genannt.
Am Laf vun der Zäit sinn et zu Ueschdref véier Mille ginn:
Commons: Ueschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |