Typ | staatlech Universitéit |
---|---|
Land | Kamerun |
Gegrënnt | 19. Januar 1993 |
Um Spaweck | http://www.uy1.uninet.cm/ |
D'Universitéit Yaoundé I (fr.: Université de Yaoundé I; en.: University of Yaoundé I) ass eng ëffentlech Universitéit zu Yaoundé, der Haaptstad vum Kamerun. Hire Motto ass "Sapientia - collativa - cognitio". Si ass 1993 no enger Universitéitsreform entstanen, déi dem Land seng eelst Universitéit, d'Universitéit Yaoundé, an zwou separat Universitéite gedeelt huet: d'Universitéit Yaoundé I an d'Universitéit Yaoundé II.[1]
Si ass an dräi Fakultéiten ënnerdeelt:
D'Institutioun ass iwwer e puer Campusse verdeelt woubäi den Haaptcampus dee vun Ngoa-Ekelle ass.[2]
Wéi all ëffentlech Institutiounen am Kamerun ass och d'Universitéit Yaoundé I zweesproocheg: d'Course gi souwuel op Englesch wéi och op Franséisch gehalen.
Commons: Universitéit Yaoundé I – Biller, Videoen oder Audiodateien |