Wenzel Profant | |
---|---|
Gebuer |
21. Juli 1913 Diddeleng |
Gestuerwen |
20. Januar 1989 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1936 |
De Wenzel Profant, gebuer den 21. Juli 1913 zu Diddeleng, a gestuerwen den 20. Januar 1989 zu Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Moler a Sculpteur, mam Lucien Wercollier ee vun de bekanntsten am Lëtzebuerger Land.
De Profant war am Zweete Weltkrich aktive Resistenzler. Hie war mam Albert Wingert, Raymond Arensdorff a Jean Doffing Grënner vun der Alweraje.
Hie gouf vun der Gestapo verfollegt an ass an d'Ausland geflücht. Säi Wee huet iwwer Frankräich gefouert, wou hie sech an d'Friemelegioun gemellt huet. Dat huet hien iwwer Spuenien an Nordafrika gefouert. Vun do ass hien an England gaangen, fir sech an déi englesch Arméi ze mellen. Do koum hie bei d'Falschiermjeeër. Wéi hien op Lëtzebuerg zeréckkoum, war e Läitnant an der amerikanescher Arméi.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin als Sculpteur vertrueden.[1]
De Wenzel Profant huet abstrakt Wierker geschaf, déi en zu Lëtzebuerg an och am Ausland ausgestallt huet. De Schrëtt zur Abstraktioun huet hien 1950-1954 gemaach. Hie war Matgrënner vum Mouvement vun den Iconomaques. Vu sengem Charakter hir war hien e ganz bescheidene Mann.
Hie war e Frënd vum Frantz Kinnen, en eegesënnege Lëtzebuerger Moler, mat deem d'Relatiounen net ëmmer liicht waren.
Vum 28. August 1986 bis zu sengem Doud huet hie mat senger zweeter Fra zu Bech-Maacher gelieft. Déi Zäit hat hien zu Schwéidsbeng um Lieu-dit "Wäisseställchen" en Atelier ënner fräiem Himmel. Hie gouf um Kierfecht zu Bech-Maacher begruewen. Op sengem Graf steet eng vu sengen eegene Sculpturen déi hie La roue de la vie geannt hat.