D'Wäiss Iernz zu Iermsdref | |
An anere Sproochen |
fr: Ernz Blanche de: Weiße Ernz |
---|---|
Längt | 27,6 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn |
Zesummefloss vu Réngelbaach a Schetzelbaach |
Plaz | südëstlech vun Eesebuer |
Héicht | 319 m |
Koordinaten |
49° 41’ 00.2’’ N 6° 10’ 44.7’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Sauer |
Plaz | Reisduerf |
Héicht | 180 m |
Koordinaten |
49° 52’ 10.3’’ N 06° 15’ 58.6’’ O |
Haaptnieweflëss | Kriibsebaach, Iernzerbaach |
Geographie | |
Land |
![]() |
Uertschaften | Amber, Iernzen, Fiels, Miedernach |
![]() | |
D'Wäiss Iernz (lokal: Wäiss Erenz, Wäiss Ernz[1]), och Ärenz[2], Ierënz oder Äernz genannt, ass e Floss zu Lëtzebuerg.
Si entsteet aus dem Zesummefloss vun der Réngelbaach an der Schetzelbaach, um Bord vum Gréngewald op enger Héicht vun 319 Meter um Flouer Fréinland eng ronn 1000 Meter südlech vun Eesebuer.
Vun do aus leeft se Richtung Norden duerch oder laanscht d'Uertschaften:
|
|
D'Wäiss Iernz zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[3].
Vun 2010 bis 2017 – mat enger Ënnerbriechung vun 2011-2014 – gouf d'Wäiss Iernz tëscht Kéideng an der Supp bei Iernzen op enger Längt vu 5 Kilometer renaturéiert, woubäi d'Baach an hiert natierlecht Bett zeréckgeluecht a méi breet gemaach gouf. Gläichzäiteg gouf en Deel vun der Vëlospist PC5 am Dall ugeluecht, déi 2017 opgaangen ass. D'Renaturéierungsaarbechte goufe vun de Ponts et chaussées an de Gemenge Fiels, Hiefenech a Fëschbech an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung an dem Waasserwirtschaftsamt realiséiert.[4],[5]
Commons: Wäiss Iernz – Biller, Videoen oder Audiodateien |