Émile Hamilius | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. Mee 1897 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
7. Mäerz 1971 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Fonctioun | Buergermeeschter, Offizéier, Deputéierten |
Famill | |
Kanner | Jean Hamilius |
![]() |
Den Émile Hamilius (Mulles genannt), gebuer de 16. Mee 1897 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 7. Mäerz 1971 an der Stad Lëtzebuerg, war e Politiker vun der DP an e Foussballspiller.
Den Émile Hamilius huet seng Carrière als Lëtzebuerger Offizéier ugefaangen. Hie war duerno haaptberufflech Geschäftsmann an huet dat bekannt Haushaltswueren- a Spillwueregeschäft Lassner zu Lëtzebuerg um Knuedler geleet.
A senger Jugend war hie Foussballspiller an der CS Fola Esch an huet den 28. August 1920 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp op den Olympesche Spiller zu Antwerpen gespillt. Den 13. Januar 1924 huet hien nach emol an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt.[1]
Hie war vun 1950 bis 1961 President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun (FLF).
Den Émile Hamilius war Matgrënner vun der GPD (Groupement Patriotique et Démocratique), der spéiderer Demokratescher Partei (DP). Vun 1946 bis 1963 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Hie war och Deputéierten an der Chamber: 1937-1940; 1945-1958 an 1959-1964.
Säi Bouf, de Jean Hamilius, war och an der DP engagéiert, a vun 1974 bis 1979 Member vun der Regierung Thorn-Vouel-Berg.
De Centre Émile-Hamilius an d'Émile-Hamilius Plaz an der Stad goufen no him genannt.
Commons: Émile Hamilius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Gaston Diderich |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1946 - 1963 |
Nofollger: Paul Wilwertz |