Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Aten-Typ |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 0,827 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,211 |
Sideresch Ëmlafzäit | 274,55 d |
Inklinatioun | 8,51 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 0,80 ±0,02 km[1] |
Rotatiounsperiod | 285 ±5 h[2] |
Albedo | 0,31 ±0,04 |
Absolut Hellegkeet | 20,39M |
Entdeckung | |
Entdecker | LONEOS |
Entdeckungsdatum | 23. September 2003 |
Plaz | Anderson Mesa Station |
Aner Bezeechnungen | 2003 SD220, 2000 AD229 |
Den (163899) 2003 SD220 ass en äerdnoen Asteroid, deen d'Äerdbunn kräizt an deem säi Perihel bannenzeg der Venusbunn läit. Hie gouf 2003 SD220 genannt a gouf den 23. September 2003 am Kader vum LONEOS-Projet entdeckt.
Den Asteroid beweegt sech an enger 4:3-Bunnresonanz zu der Äerd, wouduerch et all dräi Joer zu engem enke Rendez-Vous kënnt. De 24. Dezember 2015 koum den 2003 SD220 der Äerd bis op 11 Millioune Kilometer erun. Den 22. Dezember 2018 war d'Distanz nëmmen 2,8 Millioune Kilometer. Am Joer 2070 passéiert den Asteroid d'Äerd op enger Distanz vun 2,7 Millioune Kilometer[3].