Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | SDO |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 47,29 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2500 |
Sideresch Ëmlafzäit | 325 a 3 M |
Inklinatioun | 38,075 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 339 km |
Albedo | 0,26 |
Absolut Hellegkeet | 4,1M |
Entdeckung | |
Entdecker | Palomar |
Entdeckungsdatum | 12. August 2004 |
Plaz | Palomar-Observatoire |
Den (230965) 2004 XA192 ass en transneptuneschen Objet, deen am August 2004 am Palomar-Observatoire entdeckt gouf. Hie gehéiert zu der Kategorie vun de Scattered disk Objeten.
Den 2004 XA192 beweegt sech op enger elliptescher Ëmlafbunn (Exzentrizitéit = 0,250), mat enger Ëmlafzäit vun 325 Joer a knapps 3 Méint. Am November 2015 ass hien op enger Distanz vu 35,8 AE vun eiser Sonn ewech, no beim Perihel, deen hien Enn Mäerz 2019 erreecht.
Ënnersich vun 2013 mam Herschel-Weltraumteleskop (Instrumenter: SPIRE a PACS) kombinéiert mat den iwwerschafften Date vum Spitzer-Weltraumteleskop (Instrument MIPS) kommen zum Schluss, datt den Duerchmiesser vum 2004 XA192 ongeféier 340 km grouss ass, allerdéngs mat enger Feelerbandbreet vun zirka 100 km a béid Richtungen.
Et ass méiglech, datt den 2004 XA192 wéinst senger Gréisst am hydrostatesche Gläichgewiicht ass, a sou zimmlech ronn kéint sinn. De Mike Brown huet den 2004 XA192 als warscheinlechen Zwergplanéit agestuuft, goung dobäi awer nach vu 583 km Duerchmiesser aus.
No senger gouf den 2004 XA192 och op eelere Fotoe vun 1989 erëmfonnt. An der Tëschenzäit ass den Objet 31-mol a 25 Joer observéiert ginn (Stand Nov. 2015), soudatt d'Bunnparametere relativ genee bekannt sinn.
<ref name=TNOsCool8>E. Vilenius, C. Kiss, T. Müller, M. Mommert, P. Santos-Sanz, A. Pál, J. Stansberry, M. Mueller, N. Peixinho, E. Lellouch, S. Fornasier, A. Delsanti, A. Thirouin, J. L. Ortiz, R. Duffard, D. Perna, and F. Henry (2014) (en) TNOs are Cool: A survey of the trans-Neptunian region. X. Analysis of classical Kuiper belt objects from Herschel* and Spitzer observations S. 13