2015 TG387 | |
---|---|
Orbittyp | TNO |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | zirka 1100 A.E. |
Perihel – Aphel | 65 – zirka 2000 AE |
Exzentrizitéit | 0,94 |
Inklinatioun | 11,66 Grad |
Sideresch Ëmlafzäit | zirka 34 000 a |
Mëttel Bunnvitess | ? km/s |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 300 km |
Mass | |
Albedo | |
Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
Rotatiounsperiod | |
Absolut Hellegkeet | 5,3 |
Spektralklass | |
Entdeckung | |
Entdecker | Scott S. Sheppard David J. Tholen Chadwick Trujillo |
Datum | 13. Oktober 2015 |
Plaz | Mauna Kea-UH/Tholen NEO Follow-Up (Subaru) |
Aner Bezeechnungen |
Den 2015 TG387 ass en Asteroid, deen den 13. Oktober 2015 um Mauna Kea-UH/Tholen NEO Follow-Up (Subaru) entdeckt gouf an zu der Grupp vun den Transneptuneschen Objete gehéiert. Den Asteroid leeft op enger héich exzentrescher Bunn ëm d'Sonn mat enger Ëmlafperiod vun e puer zéngdausend Joer. D'Exzentrizitéit vu senger Bunn ass 0,94, woubäi s'ëm 11,66° géint d'Ekliptik steet. Hien huet den inoffiziellen Numm "The Goblin" fir TG.
Seng Entdeckung gouf den 1. Oktober 2018 publizéiert. Et ass den drëtte Sednoid dee bis elo entdeckt gouf.