Alena Baeva | |
---|---|
Gebuertsnumm | Aljona Michailowna Bajewa |
Gebuer |
19. Februar 1985 Almaty |
Nationalitéit | Russland |
Educatioun | Conservatoire vu Moskau |
Aktivitéit | Violonist |
![]() |
D'Aljona Michailowna Bajewa, international bekannt als Alena Baeva, gebuer 1985 am Kasachstan[1], ass eng russesch Violonistin, déi international als Solistin optrëtt.
D'Alena Baeva spillt haut op der "ex-William Kroll" Guarneri del Jesù vun 1738[2], e Prêt vun engem anonymme Spender, nodeems si virdrun op enger "moderner" Gei gespillt hat, an nach virdrun noeneen op zwou Stradivarien. Déi lescht vun dësen zwou war déi sougenannt Molitor-Stradivarius, déi 1697 vum Antonio Stradivari zu Cremona gebaut gouf, an déi 1804 an de Besëtz vum Grof Gabriel Jean Joseph Molitor koum dee Generol an der Arméi vum Napoleon I. a Fräizäit-Violonist war. Haut gehéiert déi Gei - déi e Wäert vu 5 Milliounen Euro huet - dem russesche Geschäftsmann Maxim Viktorov, dee se der Alena Baeva zur Verfügung gestallt hat. Well d'Aus- an Aféiere mat ze vill Paperasse verbonne war, huet si dem Propriétär d'Molitor-Stradivarius zeréckginn[1]
Vun 2000 bis 2007 huet d'Alena Baeva Präisser bei groussen internationale Concourse gewonnen:
Et war de Mstislaw Rostropowitsch deen hir d'Dier fir eng international Karriär opgemaach hat.[1]
D'Alena Baeva wunnt zu Bouneweg (Stand 2016; virdrun zu Gouschteng), nodeems si virun e puer Joer op Lëtzebuerg komm war. Si gesäit Lëtzebuerg als hir nei Heemecht un.[1].
D'Alena Baeva ass d'Mamm vun zwee Kanner.[1]