Benny Michaux | |
---|---|
Gebuer |
7. September 1921 Diddeleng |
Gestuerwen |
15. August 1987 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Golkipp |
Veräin/Ekipp |
Stade Dudelange, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1948 |
![]() |
De Benny Michaux och nach Benn oder Bernard Michaux, gebuer de 7. September 1921 zu Diddeleng, a gestuerwen de 15. August 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1],[2]
Hie war 6-mol Lëtzebuerger Foussballmeeschter an 3-mol Gewënner vun der Coupe de Luxembourg mat der Stade Diddeleng, wou hien 23 Joer laang aktiv war.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[3],[4]
Tëscht dem 13. Mee 1945 am 11. September 1957 huet de Benny Michaux 46-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]
Hie war am zweete Weltkrich Member an der Brigade Piron.[6]