![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bieles | |
---|---|
![]() Bielesser Schoul an der Poststrooss | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Belvaux de: Beles |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Simone Asselborn-Bintz (LSAP) |
Awunner | 8.145 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 456,5284 ha |
Héicht | 341 m |
Koordinaten |
49° 30’ 41’’ N 05° 55’ 45’’ O |
![]() |
Bieles ass eng Uertschaft an der Minettsgéigend an der Gemeng Suessem.
Bieles daucht eng éischt Kéier 1272 ënner dem Numm Belevas op. Änlech Nimm sinn:
Den Uertsnumm kënnt aller Warscheinlechkeet no aus dem Keltesche belo wat souvill heescht wéi hell, blénkeg a vis wat ee mat Waasser oder Baach iwwersetze kann, oder veis wat souvill heescht wéi fléissen. Et léisst sech allerdéngs net méi feststellen, wat fir e Waasserlaf gemengt war. Allerdéngs gëtt et um Réissenger a Réidenger Bann eng Baach, déi Beler heescht.
Koppen an Hiwwelen:
Déi dräi sougenannt "Bierger" sinn d'Ausleefer vum loutrengeschen Äerzbaseng (bassin ferrifère de Lorraine). Si gehéieren zu engem Plateau dee sech vu Bieles bis op Rodange zitt, de westlechen Deel vum Minettbaseng. An der Fachliteratur ass e bekannt als Becken von Beles-Differdingen-Rodingen (kieseliges Lager).
Commons: Bieles – Biller, Videoen oder Audiodateien |