D'Tidbinbilla Tracking Station (déi haiteg CDSCC) gouf 1965 opgemaach an ass déi eenzeg Buedemstatioun vun der NASA op australeschem Buedem, déi haut nach a Betrib ass. Wärend dem Apollo-Programm gouf vun do aus d'Moundlandefär iwwerwaacht.
D'Orroral Valley Tracking Station am haitegen Namadgi-Nationalpark gouf och 1965 opgemaach. Hir Aufgab war et, Satellitten an der Äerdëmlafbunn an den Apollo-Sojus-Projet z'ënnerstëtzen. 1985 gouf d'Statioun zougemaach.
D'Honeysuckle Creek Tracking Station (Ouverture 1967) gouf zu deem Zweck gebaut, fir d'Apollo-Missiounen z'ënnerstëtzen, haaptsächlech d'Kommunikatioun mat dem Kommandomodul vun den Apollo-Raumschëffer. Nom Apollo-Programm hat d'Statioun de Skylab-Programm, duerno d'Viking- a Voyagerraumsonden ënnerstëtzt. 1981 gouf d'Statioun zougemaach. D'Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vu 26 Meter gouf ofgeriicht a beim CDSCC nees opgeriicht.
A Betrib sinn am Moment véier Antennen (Stand: Oktober 2005). Bei besonnesch vill Aarbecht gräift den CDSCC op de Parkes-Observatoire an New South Wales zeréck, fir Date vun de Raumsonden z'empfänken.
DSS-34 ass eng 1997 gebaut Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vu 34 Meter, déi en ënnerierdesche Welleleeder gebraucht
DSS-43 hat am Ufank (1976) en Duerchmiesser vu 64 Meter. 1987 gouf s'an Erwaardung vum Voyager 2-Laanschtfluch beim Neptun op 70 Meter vergréissert. Et ass déi gréisst steierbar Parabolantenn op der südlecher Hemisphär.
DSS-45 ass eng Parabolantenn vun 1986 mat engem Duerchmiesser vu 34 Meter
DSS-46 ass déi fréier Parabolantenn vun der Honeysuckle Creek Tracking Station, déi 1981 hei nees opgeriicht gouf
DSS-49 ass d'Bezeechnung fir d'Parabolantenn vum Parkes-Observatoire
De Kollimater-Tuerm vun der Statioun steet ronn dräi Kilometer an nordwestlecher Richtung um Black Hill.