De Casius-Gradsecteur gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-6, de Gradsecteur ëmfaasst d'Gebitt vun 240° bis 360° westlech Längt a vun 30° bis 65° südlech Breet.[1]
Den Numm staamt vun enger Albedobezeechnung am Beräich vu 40° N an 100° W um Mars, d'Géigend gouf nom laténgeschen Epitheton vum Zeus sengen Hellegtemer an Egypten an a Syrie genannt. Den Numm gouf 1958 vun der I.A.U. festgeluecht.
Am Gradfeld sinn Deeler vum Utopia Planitia an e klengen Deel vum Terra Sabaea. Et deckt eng Fläch vun zirka 4,9 Millioune km² of, ongeféier 3 % vun der Marsuewerfläch.[2] An de méi héije Beräicher gëtt Buedemäis ugeholl.[3],[4]