De Gradsecteur Cebrenia gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Planéit Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-7, de Gradsecteur ëmfaasst d'Gebitt vun 180° bis 240° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.[1] Zum Sektor gehéieren och Deeler vun Utopia Planitia an Arcadia Planitia.
Den Numm staammt vun enger Albedo-Bezeechnung am Beräich vu 50° N an 150° W um Mars, d'Géigend gouf no de Flaachlänner ronderëm dat antikt Troja genannt. Den Numm gouf 1958 vun der I.A.U. agedroen.
Déi bekanntst Zeeche sinn déi grouss Kratere Mie a Stokes, Hecates Tholus, an d'Bierggrupp Phlegra Montes. D'Marssond Viking II war den 3. September 1973 an der Géigend vum Mie gelant[2]