Clara Fey

Clara Fey
Gebuer 11. Abrëll 1815
Oochen
Gestuerwen 8. Mee 1894
Simpelveld
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Nonn, Enseignant, Schrëftsteller

D'Clara Fey, gebuer de 14. Abrëll 1815 zu Oochen a gestuerwen den 8. Mee 1894 zu Simpelveld an Holland, ass d'Grënnerin vun der kathoulescher Kongregatioun vun de Schwestern vom armen Kinde Jesus. Der Kongregatioun, hiert Leitmotiv ass: "Manete in me", Bleift a mir (Johannesevangelium 15,4).

Si gouf dobäi vun hirem Brudder Andreas ënnerstëtzt, grad sou wéi vum Paschtouer Wilhelm Sartorius an dem lëtzebuergeschen Apostoulesche Vikar Jean-Théodore Laurent, deen déizäit zu Simpelveld gewunnt huet an och do gestuerwen ass.

Dee vun hir gegrënnten Uerden huet zu Lëtzebuerg dräi Dependancen: zu Rëmeleng, zu Iechternach an zu Bidscht.

Commons: Clara Fey – Biller, Videoen oder Audiodateien