Eduard Zimmermann | |
---|---|
Gebuer |
4. Februar 1929 München |
Gestuerwen |
19. September 2009 München |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Journalist, Televisiounsmoderateur, Televisiounsproduzent |
Den Eduard Zimmermann, gebuer de 4. Februar 1929 zu München a gestuerwen och do den 19. September 2009 war en däitsche Journalist, Televisiounsmoderator a Sécherheetsexpert.
Hien ass bekannt fir zwou Televisiounsemissiounen, déi en entwéckelt a joerzéngtelaang am ZDF moderéiert huet: vum 20. Oktober 1967 bis de 24. Oktober 1997 300-mol Aktenzeichen XY … ungelöst a vun 1964 bis 1997 161-mol Vorsicht Falle! – Nepper, Schlepper, Bauernfänger.
A senger Autobiographie Auch ich war Gauner huet hie bekannt gemaach, an den Nokrichsjore sech ë. a. als Schwaarzmaarthändler, Déif a Spioun duerchgeschloen ze hunn.