Gerd Ruge | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
9. August 1928 Hamburg |
Gestuerwen |
15. Oktober 2021 München |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Televisiounsmoderateur, Journalist, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller |
Member vun | PEN-Zentrum Deutschland, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften |
![]() |
De Gerd Ruge, gebuer den 9. August 1928 zu Hamburg, a gestuerwen de 15. Oktober 2021 zu München[1], war en däitsche Journalist.
Hien huet vun 1949 bis 1993 fir déi däitsch Tëlee geschafft, fir déi e Korrespondent ë. a. zu Moskau (1956 bis 1959) an an de Vereenegte Staate war (1964 bis 1969). Hie war och an den 1970er Joren Direkter vum ARD-Büro zu Bonn an 1987 bis 1993 nees vun deem zu Moskau.
Ausserdeem war hien ë. a. vun 1973 bis 1976 Korrespondent fir d'Dageszeitung Die Welt zu Peking, hat och administrativ Funktioune bei der ARD an huet Emissioune wéi Monitor oder Weltspiegel moderéiert, an op 3Sat eng Talkshow geleet.
No senger Pensioun huet de Ruge vun 1997 bis 2001 op der Hochschule für Fernsehen und Film München Coursen iwwer Fernseejournalismus gehalen.
Commons: Gerd Ruge – Biller, Videoen oder Audiodateien |