Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Henri Koch. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Henri Koch. |
Henri Koch-Kent | |
---|---|
Gebuer |
2. Mee 1905 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
8. Oktober 1999 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Publizist, Journalist, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Alison Kent |
Papp | Paul Koch |
Den Henri Koch-Kent, gebuer den 2. Mee 1906 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 8. Oktober 1999, war e lëtzebuergeschen Historiker, Journalist, Publizist a Spioun fir d'Fransouse virum Zweete Weltkrich.
Den Henri Koch huet Droit studéiert. Hie war 1933 President vun der ASSOSS an huet sech fréi an der antifaschistescher Beweegung engagéiert. Am Zweete Weltkrich war hien an der Resistenz a Südfrankräich, dunn zu London, wou e seng Fra, d'Alison Kent kennegeléiert huet. Fir net mam Escher CSV-Politiker mam selwechten Numm verwiesselt ze ginn, huet e bei senge Publikatiounen de Familljennumm vu senger Fra Alison Kent u säin drugehaangen.
Nom Krich huet hie fir international Pressagencë geschafft. Vun 1959 bis 1964 war en den éischten haaptberufflechen Direkter vum Lëtzebuerger Journal. An den 1970er an 1980er Joren huet en eng Rëtsch Bicher iwwer den Zweete Weltkrich geschriwwen, an deenen e sech zum Deel kritesch mat der Roll vun der Exilregierung auserneegesat huet. An deem Zesummenhank huet hien och Nofuerschunge gemaach iwwer d'Verbleiwe vun enger grousser Quantitéit Gold, déi d'Exilregierung mat op London geholl hat, a vun där nom Krich keng Spuer méi ze fanne war. Och dat sougenannt Maulkuerfgesetz an dee "geplangte Putsch", deen eng Rei vu Kritiker vun der Regierung nom Krich virgeworf kruten, fir monddout gemaach ze ginn (d'Virwërf vun der Regierung, well ouni Substanz, hu séier misse fale gelooss ginn), huet hien a senge Bicher beschriwwen.