Jean-Pierre Hoscheid | |
---|---|
De Golkipp Hoscheid, lénks mam Ball am Grapp, 1935. | |
Gebuer |
22. Juni 1912 Biissen |
Gestuerwen |
15. Mee 1988 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Veräin/Ekipp | Jeunesse Esch |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1936 |
De Jean-Pierre Hoscheid oder Jim Hoscheid, gebuer den 22. Juni 1912 zu Biissen, a gestuerwen de 15. Mee 1988 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an der Positioun vum Golkipp, Olympionik a Foussballtrainer.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2]
Tëscht dem 17. Mäerz 1935 am 14. Mee 1939 huet hie 27-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]
Tëscht dem 18. Juli 1948 am 26. Juni 1949 huet de Jim Hoscheid déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp trainéiert, déi an där Zäit 10 Matcher gespillt huet.[4] Hie war och den Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Ekipp bei den Olympesche Summerspiller 1948 zu London.[5]
Hie war de Grousspapp vum Denis Scuto.[6]