Jean Fourastié | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
15. Abrëll 1907 Saint-Benin-d'Azy |
Gestuerwen |
25. Juli 1990 Douelle |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Ekonomist, Soziolog, Schrëftsteller |
Member vun | Académie des sciences morales et politiques |
![]() |
De Jean Fourastié, gebuer de 15. Abrëll 1907 zu Saint-Benin-d'Azy an der Nièvre, a gestuerwen de 25. Juli 1990 zu Douelle am Lot, war e franséischen Ekonomist.
Hien huet an der franséischer Administratioun (Contrôle des Assurances) seng Carrière ugefaangen. Duerno gouf hie mat engem Cours iwwer d'Assurancen um Conservatoire national des arts et métiers chargéiert. Et war den Ufank vun enger laanger Carrière am Enseignement. Hien huet ënner anerem och op den Hautes études commerciales an um Sciences Po dozéiert.
De Jean Fourastié huet vill publizéiert, net nëmmen iwwer ekonomesch Froen. Statistesch Sujeten, soziologesch, futuristesch an Educatiounsfroe louchen him och um Häerz.
Säi bekanntst Buch ass awer: Le grand espoir du XXième siècle, eng Publikatioun, an där hien d'Theorien iwwer de Wirtschaftswuesstum vum Colin Clark opgräift, verfeinert an ausbaut. Him no gëtt et eng Ausiicht, datt et de Mënschen an der Zukunft besser geet, da wann déi aktiv Bevëlkerung lues a lues ëmgeschicht an an d'sekundär an tertiär Wirtschaftsektoren transféréiert gëtt, an déi Sektoren also, wou d'Aarbecht net méi sou beschwéierlech ass.
Hei sinn nëmmen e puer Publikatiounen aus dem grousse Wierk vum Jean Fourastié erausgegraff, Publikatiounen, déi a vill aner Sproochen iwwersat gi sinn: