Johan Caspar de Cicignon | |
---|---|
Gebuer |
1625 Uewerwampech |
Gestuerwen | 12. Dezember 1696 |
Nationalitéit | Norwegen |
Aktivitéit | Militäringenieur, Urbanist, Offizéier |
Famill | |
Kanner | Frederik Christopher de Cicignon |
De Johan Caspar de Cicignon oder Johan Caspar von Cicignon, gebuer ëm 1625 zu Uewerwampech, a gestuerwe 1696 zu Fredrikstad an Norwegen, vun adelegem Geblitt, war e Generol mat lëtzebuergesche Wuerzelen, deen am Déngscht vun Dänemark stoung. Bekannt gouf hie virun allem wéinst sengen architektoneschen Aarbechten an Norwegen.
1657 gouf hien däneschen Offizéier an an de 1660er-Joren zum Kommandant vun der Festung Bergenhus an Norwegen ernannt. Zu Bergen, wéi och spéiderhin zu Fredrikstad, war hie responsabel fir de Bau an Ausbau vu militärstrategesche Festungen.
1681 ass hien op Trondheim an Norwege geschéckt gi fir dee vun engem Groussbrand total zerstéierte Stadkär nei opzebauen a brandsécher ze maachen. Dem Cicignon säi barocke Baustil markéiert nach haut d'Trondheimer Stadbild.
Nieft Trondheim war de Cicignon och responsabel fir de Stadplang vu Kongsvinger an Norwegen.
Seng lescht Joren huet de Cicignon zu Fredrikstad als Immobiliespekulant verbruecht. Hie sollt 1696 als räiche Mann stierwen.
Zu Uewerwampech, zu Gaasperech an zu Trondheim erënneren nach haut Monumenter un de Cicignon. Zu Gaasperech ass d'Strooss mat sengem Monument no him genannt.
Commons: Johan Caspar de Cicignon – Biller, Videoen oder Audiodateien |