Joseph Jean Baptiste Neuberg | |
---|---|
Gebuer |
30. Oktober 1840 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
22. Mäerz 1926 Léck |
Nationalitéit | Belsch, Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, Universitéit Gent |
Aktivitéit | Mathematiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique |
De Joseph Jean Baptiste Neuberg, gebuer den 30. Oktober 1840 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Mäerz 1926 zu Léck, war e belsche Mathematiker vu Lëtzebuerger Ofstamung.[1]
De Joseph Neuberg ass en Ancien vum Atheneum wou en 1859 seng Première gemaach huet. Am Oktober 1859 huet en zu Bréissel seng Exame gemaach, fir als belsche Student ze gëllen, an duerno huet e säin Opnamexame vun der École normale de Sciences zu Gent gemaach, wou en 1862 säin Ofschloss krut.
Vun 1884 bis 1910 war hie Professer op der Universitéit vu Léck. Seng Fachberäicher waren Analys, Algeber, Geometrie an d'Grondlage vun der Mathematik.
1866 huet en déi belsch Nationalitéit ugeholl.[1]
1891 gouf hie membre correspondant an 1897 richtege Member vun der d'Académie Royale des Sciences, des Lettres et des Beaux Arts, där hire President hie vun 1911 u war.[2]
Zwar huet den Neuberg keng nei Theorie entwéckelt, mä d'Mathematik verdankt him vill nei Detailer iwwer d'Geometrie vum Dräieck, déi hien iwwer Joren an Artikelen a Journale publizéiert huet. Zesumme mam Eugène Charles Catalan a mam Paul Mansion huet hie selwer zwéi Journale gegrënnt an erausginn: Nouvelle correspondance mathématique (1874 - 1880) a Mathesis (vun 1881 un).