La poupée monte le son

La poupée monte le son ass e Lidd vun der lëtzebuergescher Sängerin Laura Thorn, déi Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2025 zu Basel an der Schwäiz vertrëtt. D'Lidd gouf am Kader vun der nationaler Selektioun „Luxembourg Song Contest 2025“ de 25. Januar 2025 gewielt. D'Lidd gouf vum Julien Salvia an dem Ludovic-Alexandre Vidal geschriwwen.

Et ass eng Aart Äntwert op d'Lidd Poupée de cire, poupée de son vun der France Gall, mat deem Lëtzebuerg den Eurovision Song Contest 1965 gewonnen hat. Am Géigesaz zum Original ënnersträicht dëst neit Lidd d'Onofhängegkeet an d'Stäerkt vun der Popp, déi sech net méi kontrolléiere léisst.