Laura Thorn

Laura Thorn
Gebuer 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger, Museksprofesser

D'Laura Thorn, gebuer 1999 oder 2000, ass eng lëtzebuergesch Musekspedagogin a Sängerin.

D'Laura Thorn krut scho vun aacht Joer un eng klassesch musikalesch Ausbildung am Lycée a Conservatoire mat Solfège, Kammermusek an Danz. Si spillt Piano, Cello a Keyboard an huet och bei Concourse matgemaach. Gesank huet s'eréischt geléiert duerch hire Studium zu Namur um IMEP (Institut royal supérieur de musique et de pédagogie). Obwuel se bis dohi wéineg Erfarung mam Sangen hat, huet se do den Opnamexame fir Pop-Gesang gepackt an huet 5 Joer méi spéit mat engem Master a Solfège, Musekspedagogik a Pop-Gesang ofgeschloss. Duerno huet si als Museksléierin um Escher Conservatoire ugefaangen.

Si gouf am Summer 2024 duerch Vermëttlung vun enger Gesanksléierin vun engem Liddermécher- a Produzentenduo vu Paräis gefrot, fir deenen hiert Lidd ze sangen, dat déi fir den Eurovision Song Contest (ESC) preparéiert haten. Et ass dunn zu enger Zesummenaarbecht komm, déi schlussendlech zum Lidd La poupée monte le son gefouert huet. Si huet sech bei RTL als Kandidatin fir de Luxembourg Song Contest 2025 gemellt an den 18. November 2024 gouf se als ee vun de Participante vum LSC 2025 mat dësem Lidd ugekënnegt. Bei dësem Concours, deen de 25. Januar 2025 an der Escher Rockhal ofgehale gouf, war d'Laura Thorn de sechste vu siwe Participanten. Si koum bei de Resultater vun den 8 Lännerjuryen op déi éischt Plaz, bei de Resultater vun der Publikumsofstëmmung op déi zweet Plaz, zesummegeholl awer mat groussem Virsprong op déi éischt Plaz, sou datt si Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2025 zu Basel vertriede kann.[1][2][3][4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Home Story - Laura Thorn
  2. Post Card Laura Thorn
  3. Die LSC-Kandidaten im Porträt - Laura Thorn op wort.lu 19. Januar 2025
  4. Laura Thorn siegt beim ESC-Vorentscheid in der Rockhal op wort.lu 25. Januar 2025