Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
MS Deutschland | |
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck) | |
---|---|
Schëffstyp: | Passagéierschëff |
Gebraucht fir: | Croisièren |
Proprietär: | Peter Deilmann Reederei |
Tonnage: | 22.400 BRT |
Maschinnen: | 4 Haaptmotoren |
Total Leeschtung: | 12.320 kW, 16.750 PS |
Längt (i.W.): | 175,00 m |
Breet(i.W.): | 23 m |
Déifgang: | 5,60m |
Reesvitesse: | 21 Kniet |
Passagéierkapazitéit: | 520 |
Equipage: | 280 |
Zuel vu Kabinnen: | 302 |
Baujoer: | 1998 |
Bauwerft: | HDW, Kiel |
Baunummer: | 328 |
Bauufang: | 1. Dezember 1996 |
Fäerdeggestallt: | 1. Mee 1998 |
Gedeeft: | 4. Mee 1998 |
Registréiert: | Däitschland |
Doheem: | Neustadt in Holstein |
Bordsprooch/Wärung: | Däitsch/Euro |
Haaptrestaurantën: | 2 |
Buffetrestauranten: | 1 |
Baren: | 5 |
Zuel vu Schwämmen: | 2 |
Whirlpoolen: | 2, dovun 1 bannen |
Liften: | 3 |
Quell: | Reederei Peter Deilmann |
D'MS Deutschland, déi den 11. Mee 1998 zu Kiel vum deemolege Bundespresident Richard von Weizsäcker gedeeft gouf, ass d'Flaggschëff vun der däitscher Reederei Peter Deilmann Reederei GmbH & Co. KG.
D'Schëff gouf och duerch d'ZDF Televisiouns-Serie Das Traumschiff bekannt.
Déi héich klasséiert an exklusiv „MS Deutschland“ ass 175 Meter laang, 23 Meter breet an huet op sengen zéng Schëffsdecker Plaz fir 294 Kabinnen, e Salzwaasserpool um Deck, e Pool am Schëff, dräi Restaurantën, e Kino, eng Bibliothéik a souguer e Golf.
Am Berlitz Guide fir Croisièren, verfaasst vum Douglas Ward, gëtt d'Schëff elo net méi, wéinst Differenze mam Reeder, mat Punkte bewäert, wat de Vergläich mat anere Croisièreschëffer schwéier mécht.
D'„MS Deutschland“ mécht hir Croisièren duerch d'ganz Welt. Traditionell ginn an de Summerméint d'Norwegesch Fjorden an d'Ostséi besicht. Am Fréijoer an am Hierscht ass d'Schëff gewéinlech am Mëttelmier an am Gebitt vun de Kanareschen Inselen. Am Wanter stinn exotesch Ziler, wéi Südafrika, Asien an d'Karibik um Programm.
Commons: MS Deutschland – Biller, Videoen oder Audiodateien |