![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Madeleine Frieden-Kinnen | |
---|---|
Gebuer |
4. Oktober 1915 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
8. Februar 1999 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Famill | |
Bestuet mat | Pierre Frieden |
![]() |
D'Madeleine Frieden-Kinnen, gebuer de 4. Oktober 1915 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 8. Februar 1999 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).
Si war déi éischt Fra, déi zu Lëtzebuerg Member vun enger Regierung gouf. Den 3. Januar 1967 gouf si, no enger Regierungsëmbildung, Staatssekretärin fir Famill, Sozial Solidaritéit, Jugend, Bevëlkerung, Bildung, Kultur a Kultus an der Regierung Werner-Cravatte. Den 2. Februar 1969 gouf se zur Ministesch fir Famill, Jugend, Sozial Solidaritéit a Gesondheet a Ministesch fir Kultur a Kultus an der Regierung Werner-Schaus II ernannt.
1972 ass si am Kader vun der Buergfrid-Affär zeréckgetrueden an huet sech bal ganz aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn.
Als ee vun hire leschte Wënsch huet si op de gebräichlechen Noruff an der Chamber verzicht, mä gefrot datt eng Matdeelung vun hir do géif virgelies ginn[1]. Deem Wonsch ass de Chamberspresident Jean Spautz den 9. Februar 1999 nokomm an huet de Bréif virum Plenum virgeliess:
Si war d'Wittfra vum Minister Pierre Frieden (1892 - 1959).
D'Madeleine Frieden-Kinnen war als engagéiert Humanistin bis zu hirem Doud aktive Comitésmember vum Veräin "Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden", deen zanter 1935 de Victor-Hugo-Literaturmusée zu Veianen bedreift.
Commons: Madeleine Frieden-Kinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien |