De Gradsecteur Mare-Acidalium gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-4, de Gradsecteur ëmaasst e Gebitt vun 0° bis 60° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.[1]
Den Numm staamt vun enger Bezeechnung vun enger Albedoformatioun am Beräich vu 45° N an 330° E um Mars. D'Géigend gouf no enger Quell oder engem Buer a Boetien, am anticke Griicheland wou an der griichescher Mythologie no d'Venus mat hire Veréierinne gebuet hat, genannt a gouf 1958 vun der I.A.U. verginn.
De Gradsecteur huet vill geologesch Formatioune wéi Erosiounsrillen a méiglech Küstelinne vun engem fréieren nërdlechen Ozean. Verschidde Beräicher si staark geschicht. E mécht och d'Grenz tëscht de südlechen Héichplateauen an den nërdlechen Déifflächen.[2] Och dat bekannt "Marsgesiicht" (Cydonia Mensae) läit an dësem Gradsecteur.[3] Weider fënnt een do d'Kasei Valles, e System vu Canyons. Wärend den ierdesche Grand Canyon 28 km grouss ass, ass deen hei um Mars 482 km grouss.[4]
Commons: Mare Acidalium – Biller, Videoen oder Audiodateien |