De SRON Netherlands Institute for Space Research, fréier Bezeechnung bis 2004 Stichting Ruimte Onderzoek Nederland ass eng hollännesch Organisatioun fir d'Entwécklung vu wëssenschaftlechen Instrumenter fir den Asaz op Satellitten a Raumsonden zu Zwecker vun der Astronomie an der Äerdobservatioun.
De SRON gouf 1983 gegrënnt an ass en Deel vun der hollännescher Fuerschungsorganisatioun NWO. Et déngt als hollänneschen Zentrum fir d'Weltraumfuerschung a schafft mat internationale Raumfaartorganisatioune wéi z. B.: ESA an NASA zesummen. Déi dräi Sektore sinn:
De SRON féiert Laboratoiren zu Utrecht a Groningen a schafft enk mat dësen Universitéiten zesummen aus deenen och Deeler vun Aktivitéite vum SRON ofstamten. 2007 hat de SRON en totale Budget vun 19,2 Milliounen € an 205 Mataarbechter.