Sixten Ehrling | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 3. Abrëll 1918 |
Gestuerwen |
13. Februar 2005 New York |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Dirigent, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Pianist |
![]() |
De Sixten Ehrling, gebuer den 3. Abrëll1918 zu Malmö a Schweden a gestuerwen den 13. Februar 2005 zu New York City) war e schweedeschen Dirigent.
No sengem Pianostudium zu Stockholm léiert den Ehrling fir d'éischt zu Paräis beim Albert Wolff en Orchester ze dirigéieren, duerno zu London a beim Karl Böhm zu Dresden. Duerno war hien (1953-1960) musekaleschen Direkter un der Kinneklecher Oper zu Stockholm,(1963-1973) als Nofollger vum Paul Paray Chefdirigent vum Detroit Symphony Orchestra an 1974 Chefdirigent vum Sinfonieorchester vun der Stad Göteborg. Hien huet vun (1973 - 1987) Course gehalen zu New York un der Juilliart School an dertëscht un der Met dirigéiert.