Stéphanie Weydert | |
---|---|
Gebuer | 30. Abrëll 1984 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Fonctioun | Buergermeeschter zu Lëtzebuerg |
D'Stéphanie Weydert, gebuer den 30. Abrëll 1984 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).
D'Stéphanie Weydert huet Droit studéiert an dëse Studium mat jee engem Master op der Universitéit Aix-Marseille III, der Universitéit Paris II Panthéon-Assas an dem King's College London ofgeschloss. Si ass zanter 2011 um Lëtzebuerger Barreau ageschriwwen a vu Beruff Wirtschaftsaffekotin.[1]
Si gouf bei de Gemengewalen am Oktober 2017 an de Gemengerot vun der nei fusionéierter Gemeng Rouspert-Mompech gewielt, wou si Éischt Schäffin gouf. Nom Récktrëtt vum Romain Osweiler[2] gouf si am September 2022 als nei Buergermeeschtesch vereedegt.[3] No de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf si an där Funktioun confirméiert.[4]
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, fir déi si kandidéiert huet, gouf si net direkt gewielt, ass dunn awer den 21. November an d'Chamber nogeréckelt.[5]
Si war ausserdeem, vu Mäerz 2022 bis März 2024, zesumme mam Christophe Hansen, Generalsekretärin vun der CSV.[6]
Commons: Stéphanie Weydert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Paul Galles |
Generalsekretär vun der CSV 2022 - 2024 |
Nofollger: Françoise Kemp |