Thomas Nipperdey | |
---|---|
Gebuer |
27. Oktober 1927 Köln |
Gestuerwen |
14. Juni 1992 München |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Universitéit vu Köln, Universitéit Göttingen, Universitéit vu Cambridge |
Aktivitéit | Historiker, Universitéitsprofesser |
Partei | Sozialdemokratische Partei Deutschlands |
Member vun | Bayeresch Wëssenschaftsakademie, American Academy of Arts and Sciences |
Den Thomas Nipperdey, gebuer de 27. Oktober 1927 zu Köln, a gestuerwen de 14. Juni 1992 zu München, war en däitschen Historiker.
Hien huet zu Köln, Göttingen a Cambridge Philosophie a Geschicht studéiert. 1953 krut hien den Dr. phil.. 1961 gouf hien habilitéiert mat senger Aarbecht Die Organisation der deutschen Parteien vor 1918. 1963 huet hien ugefaange Geschicht ze ginn, op der Héichschoul zu Karlsruhe, duerno op der Georg-August-Universität Göttingen a spéider op der University of Cambridge. 1967 ass hien op d'Freie Universität Berlin gaangen a war do Professer fir Neuere Geschichte. Schliesslech war en nach bis zu sengem Doud Professer fir nei Geschicht zu München.
Säi Wierk Deutsche Geschichte 1800 - 1918 gëllt ass e Standardwierk.
1984 krut den Nipperdey den Historikerpreis vun der Stad München, an 1992 posthum den Däitschen Historikerpräis (Preis des Historischen Kollegs)