Alvan Clark | |
---|---|
Gebuer | 8. Mäerz 1804 |
Gestuerwen |
19. August 1887 Cambridge |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Astronom, Moler, Geschäftspersoun |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Kanner | Alvan Graham Clark, George Bassett Clark |
Den Alvan Clark, gebuer den 8. Mäerz 1804 zu Ashfield, Massachusetts, a gestuerwen den 19. August 1887 zu Cambridge, Massachusetts, war en US-amerikaneschen Astronom an Teleskopebauer.
De Clark huet d'Firma Alvan Clark & Sons gegrënnt, déi sech op d'Hierstelle vu Lënse fir de Bau vu Refraktere spezialiséiert hat. D'Glas krut hie vu Paräis.
E puer vun deene gréisste Lënsenteleskope vun der Welt ginn op seng Firma zeréck, ë. a. dat weltwäit gréisst am Yerkes-Observatoire, dat zweetgréisst am Lick-Observatoire an de Refrakter vum Observatoire vu Pulkowa.
Fënnefmol huet dem Clark seng Firma all Kéier de gréisste Refrakter vun der Welt gebaut. Ee vu senge Jongen, den Alvan Graham Clark, huet de Begleeder vum Sirius entdeckt, säin eelste Jong, den George Bassett Clark, war Matbesëtzer vun der Firma.
Ee Krater um Äerdmound[1] gouf nom Alvan an dem Jong Alvan Graham genannt an een um Mars nom Alvan Clark[2] genannt.
Commons: Alvan Clark – Biller, Videoen oder Audiodateien |