André Couder | |
---|---|
Gebuertsnumm | André Joseph Alexandre Couder |
Gebuer |
27. November 1897 Alençon |
Gestuerwen |
16. Januar 1979 Suresnes |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom, Ingenieur |
Fonctioun | President vum Verwaltungsrot, Vizepresident, President, President |
Member vun | Académie des sciences, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, International Astronomesch Unioun |
Famill | |
Kanner | Yves Couder |
Den André Couder, gebuer de 27. November 1897 zu Alençon, a gestuerwen de 16. Januar 1979 zu Paräis, war e franséischen Optiker an Astronom.
Hien huet vun 1925 un am optesche Laboratoire vum Paräisser Observatoire geschafft, an deen och vun 1926 u geleet. Hien hat 1926 dat no him genannt Couder-Teleskop entwéckelt. Vun 1952 bis 1958 war hie President vun der Kommissioun fir astronomesch Instrumenter a Vizepresident vun der Internationaler Astronomescher Unioun.
1953 krut hien de Jules-Janssen-Präis.
Zesumme mam André Danjon hat hien e Wierk iwwer Teleskope geschriwwen: Lunettes et télescopes: Théorie, conditions d'emploi, description, réglage, histoire